Wat fannt Dir hei?

 
 

Den Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld ass e Projet vun der Gemeng Suessem mat der Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère an huet 2017 mat der Aweiung vun den éischte Gaardeparzellen ugefaangen, wou och Schoulgäert mat integréiert waren. Iwwert déi lescht Jore sinn e Beienhaus, eng Volière mat Hinger, eng Zär an eis Mini-Schwäin derbäi komm. Zënter 2021 hu mir och Säll an deene mir Schoulklassen an aner Gruppen empfänke kënnen.

 
 
 

 Wou fannt Dir eis?

 
 
 

Adress
2, Matgeswee L-4490 Belvaux
Parking: hannert dem Kierfecht zu Bieles

Email
matgesfeld@suessem.lu

Ëffnungszäiten
Méindes bis freides
8.00–11.30 Auer an 13.30–16.00 Auer

 
 
 

Wie fannt Dir hei?

 

Leroy Caldarella Weis

Gerant vum Matgesfeld

“All Dag ass anescht an et ginn dauernd nei Erausfuerderungen.”

 

Patrice Bamberg

Service Ecologique

“Wat mir haut maachen, entscheet doriwwer wéi d’Welt muer ausgesäit.”

 
 

David Hengen

Chef vum Service Ecologique

 

Christophe Mossong

Service Ecologique

“D’Ëmwelt ass e festen Deel vun eisem Liewen, ob mir et mierken oder net. Also mécht et nëmme Sënn méi doriwwer ze léieren.”