Mellt Iech w.e.g. hei un
Wann dir zu puer Klasse komme wëllt, wiere mir frou, wann Dir Iech ëmmer eenzel umelle géingt, an et dann am Message präziséiert. Dat vereinfacht eis d’Gestioun vun den Umeldungen. Merci!
Fit fir d’Matgesfeld!
D’Zil vun den Atelier’en ass, de Kanner di verschidden Aspekter vun der Nohaltegkeet mat praktesche Beispiller, Spaass a Spill méi no ze bréngen.
Fir all Fro steet den Emweltbüro a, virun allem, d’Leit, déi all Dag den Emwelt- a Bildungszenter um rullen halen, zur Verfügung.
Wann dir Interesséiert sidd, dee pädagogesche Volet vum Matgesfeld eemol bei Iech an der Schoul kennenzeléieren, mellt Iech w.e.g. bei matgesfeld@suessem.lu. Mir kommen Iech eis Funktiounsweis an di verschidde Méiglechkeeten gären erklären.
Zäitno wäerte mir awer och di Präsentatioun hei op de Site setzen. Hei gëtt erkläert, waat mir ubidden, wat d’Roll vum Léierpersonal ass, a wéi den Oflaf vun engem Ausfluch an d’Matgesfeld kann ausgesinn.
Hei drënner fannt dir nach: d’Erklärung vun de Piktogrammen, en Umeldungsformular an d’Auswiel vun de verschiddenen Atelier’en.
Wat bedeiten di Piktogrammen?
- 
      
      
      
        
  
       DéierenSchwäin, Hinger a Beien sinn am Matgesfeld jo bekannt. Mee och iwwer aaner, méi ongewéinlech Déieren, kann ee vill léieren 
- 
      
      
      
        
  
       Erneierbar EnergieSonn, Wand, Waasser an Biomass sinn di geleefegst erneierbar Energien. Wéi funktionnéiren déi dann? 
- 
      
      
      
        
  
       GuartAm guart kann een vill maachen. Wéi een dëst am bäschte mëcht fannt dir an dëse Workshops eraus! 
- 
      
      
      
        
  
       KlimawandelD’Klima ännert sech. Do musse mir eis elo upassen. Wat geschitt dann hei genee? Wat sinn d’Konsequenzen fir eis? 
- 
      
      
      
        
  
       KreeslafwirtschaftNët alles wat een ewechgehait, ass och Dreck. An nët alles wat ee brauch, muss ee kënschtlech erschafen. Offfall a regional Ressourcen sinn hei d’Thema 
- 
      
      
      
        
  
       NaturDescription goes here
- 
      
      
      
        
  
       WaasserAn dësen Workshops gidd dir méi iwwer d’Waasser gewuer. Wou kënnt et hier? Wat geschitt domat? Wéi gi mir domat ëm? 
- 
      
      
      
        
  
       Extern·en Intervenant·eDëse Workshop gëtt vun enger externer Persoun gehalen. 
- 
      
      
      
        
  
       D'Kanner gi knaschtegAn der Natur ass et nët ëmmer ganz propper. Dofir sollte mir eis hei eppes undoen, wat och knaschteg ka ginn. 
- 
      
      
      
        
  
       Schutzkleedung undoenHei steet Schutzkleedung fir Iech bereed. Doot se w.e.g. och un! 
 
                         
         
         
         
         
        