Schoulguart

De Schoulguart am Matgesfeld besteet aus 4 Parzellen, wou dat ganzt Joer (och am Wanter) eppes soll drop wuessen.

D’Zil ass et, mam Schoulguart de Kanner ze weisen, wou d’Iessen hierkennt a gläichzäiteg d’Art a Weis vun der Permakultur méi no ze bréngen. Hei gëtt nom Virbild vun der Natur, a mat vill Rücksicht op de Biotop an de Buedem, Geméis ugezunn, wat nët just nohalteg ugebaut gouf, mee och richteg gudd schmaacht.

Hei funktionnéire mir ganz einfach: Huet Iech d’Loscht gepaakt, mat ärer Klass oder ärem Grupp eng Hand upaaken ze kommen, dann mellt Iech einfach un. De Schoulguart ass ëmmer op, an hei gëtt et och ëmmer eppes ze dinn.

Natierlech sinn d’Aufgaben ëmmer vun de Joreszäiten oofhängeg. Sou geet et am Wanter éischter drëm ze séien, an am Hierscht, ze ernten.

Sou kënne mir dat ganzt Joer iwwer e flotte Programm ronderëm de Guart bidden, deen am Inhalt vill méi flexibel ass, wéi d’Atelier’en déi mir soss ubidden.

Natierlech muss een soen, dass een hei nët ganz propper heemgeet, denkt also dorun, aal Kleedung unzedoen!

Fir Iech unzemellen, fëllt einfach den Formulaire aus op dëser Säit.