Den ‘Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld’ ass e Projet vun der Gemeng Suessem. D’Zil vum Matgesfeld ass et, fir Grouss a Kleng erëm méi a Kontakt mat der Natur ze bréngen an Natur- an Ëmweltschutz iwwert de Wee vun der Ëmweltbildung nohalteg ze fërderen.

 

Programm Fréijoer 2026

Aféirung an de secher an nohaltegen Ëmgang vu Gaardegeschier a -Maschinnen

14.03.2026

Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
2, Matgeswee, Bieles

Gaardecours fir Ufänger

09:00-12:00

Bei der Gaardenaarbecht ass schnell eppes geschitt! Dëse gratis Cours gëtt en theoreteschen an prakteschen Abléck an eng sëcher Handhabung vu Gaardegeschier a -Maschinnen. Léiert och wéini wat wéi geschnidden gëtt.

Organisatioun:
Gaart an Heem Gemeng Suessem / CNFPC

21.03.2026

Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
2, Matgeswee, Bieles

Wat gëtt et Besseres, wéi frëscht Geméis aus dem eegene Gaart? De Gaardecours mam Leroy Caldarella Weis, dem Gérant vum Matgesfeld, riicht sech un all déi, déi et dëss Saison probéire wüellen, an och zur Biodiversitéit am Gaart baidroë wëllen.

Organisatioun:
Ëmweltservice Gemeng Suessem

09:00-12:00

Cours de jardinage pour débutants

28.03.2026

Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
2, Matgeswee, Bieles

Quoi de mieux que de manger des légumes frais de son propre jardin ? Le cours de jardinage avec Leroy Caldarella Weis, le gérant du Matgesfeld, s'adresse à tous ceux qui veulent l’essayer cette saison et contribuer ainsi à la biodiversité du jardin.

Organisatioun:
Ëmweltservice Gemeng Suessem

09:00-12:00

Introduction à l’utilisation sûre et durable des outils et machines de jardin

18.04.2026

Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
2, Matgeswee, Bieles

Un accident se produit vite pendant les travaux dans le jardin. Ce cours gratuit donne une introduction théorique et pratique à l’utilisation sûre des outils et machines du jardin. Apprenez aussi quand quoi sera coupé comment.

Organisatioun:
Gaart an Heem Gemeng Suessem / CNFPC

14:00-17:00

Som- a Pflanzentauschbours + Verkaaf

18.04.2026

Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
2, Matgeswee, Bieles

Wat maache wann de Gaart nees ze kleng ass fir all déi Jongplanzen déi een ugezunn huet? Kommt tauscht mat anere Gäertner oder kaaft dat wat nach feelt. Och Som ka getosch oder kaf ginn, ob Blummen oder Geméis. Natierlech geet et och drëm fir Fachwëssen auszetauschen, bei enger Taass Kaffi mat engem Stéck Kuch.

Organisatioun:
Emweltservice Gemeng Suessem / Gaart an Heem Gemeng Suessem

14:00-17:00

Repair Café

18.04.2026

Emwelt- a Bildungszenter Matgesfeld
2, Matgeswee, Bieles

Reparéieren am Plaz vun ewech geheien: Bréngt är Gaardegeräter, kleng Elektro-Apparater, Vëloen oder Kleeder mat. Fräiwëlleger frëen sech fir ze flécken. Wei de Numm et seet bei enger Taass Kaffi mat engem Stéck Kuch.

Organisatioun:
Emweltservice Gemeng Suessem / Gaart an Heem Gemeng Suessem

14:00-17:00

Wellkomm am Matgesfeld!

Bei eis kënnt dir e puer flott Aktivitéiten maachen. Mir wiere frou wann dir Iech géingt iwwer den Umeldungsformular bei eis umellen.

D’Lëscht an d’Beschreiwung vun den Atelier’en fannt dir ënner dem Formular.


Gutt Geschier elo am Matgesfeld

 
 
 

 

Den Ëmwelt- a Bildungszenter bitt Workshoppe ronderëm d’Kreeslafwirtschaft an d’Ëmwelt fir Grouss a Kleng un. Och e Repair-Café gëtt reegelméisseg am eegene permanenten Atelier ofgehalen.

 

 
 
 

Eis Aktivitéiten an de Gäert a bei eisen Déiere riichte sech esouwuel u Schoulklassen a Léierpersonal, ewéi och u Gruppen aus dem ausserschoulesche Beräich.

Eist Zil um Matgesfeld ass et, fir Grouss a Kleng erëm méi a Kontakt mat der Natur ze bréngen an Natur- an Ëmweltschutz iwwert de Wee vun der Ëmweltbildung nohalteg ze fërderen.

Den ‘Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld’ ass e Projet vun der Gemeng Suessem mat der Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère an huet 2017 mat der Aweiung vun den éischte Gaardeparzellen ugefaangen, wou och Schoulgäert mat integréiert waren. Iwwert déi lescht Jore sinn e Beienhaus, eng Volière mat Hinger, eng Zär an eis Mini-Schwäin derbäikomm. Zënter 2021 hu mir och Säll an deene mir Schoulklassen an aner Gruppen empfänke kënnen .