Pimp my Bushaischen

Op 15 Linnen fueren d’Busser vum ëffentleche Verkéier duerch eis Gemeng. D’Bushaisercher vun der Gemeng Suessem seenen sech no enger neier Tapéit. Dofir kënnt dir Iech beim Projet “Pimp My Bushaischen” umellen an äre Liblings-Busarrêt méi schéi maachen.

D’Material kritt dir vum eisem Service Technique gestallt. Dir braucht just Faarwen a Kréativitéit!

An dat bäscht un der Saach? De schéinste Busarrêt gëtt wärend der Mobilitéitswoch am September 2025 mat engem klenge Präis belount.

Thema vun der europäescher Mobilitéitswoch 2025 ass “ Mobility for Everyone”. Mir feieren eng ëffentlech Mobilitéit, déi fir all Mënsch liicht zougänglech, komfortabel an nohalteg ass – sou datt wierklech jidderee vu hire Virdeeler profitéiere kann.

Loscht matzemaachen?

Hei ass de ganzen Umeldungsformulaire fir erofzelueden. W.e.g. schéckt dësen esou séier wéi méiglech un secretariat.technique@suessem.lu oder mellt Iech iwwer de Formulaire hei ënnen um Site un.

Wichteg: Mir kënnen näischt permanent an direkt un d’Glas vun de Bushaisercher fixéiren.

Är Konschtwierker musse bis den 10.09.2025 bei eisem Service Technique ofgi ginn.

Suivant
Suivant

Velostour duerch d’Gemeng