Matgesfeld

Den Ëmwelt- a Bildungszenter Matgesfeld ass e Projet vun der Gemeng Suessem.

Et huet 2017 mat der Aweiung vun den éischte Gaardeparzellen ugefaangen, wou och Schoulgäert mat integréiert waren. Iwwert déi lescht Joren sinn e Beienhaus, eng Volière mat Hinger, eng Zär, eis Mini-Schwäin an e Folientunnel dobäi komm. Zënter 2021 hu mir och Säll an deene mir Schoulklassen an aner Gruppen empfänke kënnen.

D’Zil ass et fir Grouss a Kleng erëm méi a Kontakt mat der Natur ze bréngen.

Eis Aktivitéiten

Gaart

Déieren

Naturpädagogik

Bastelen

Hausgemaach

Naturhandwierk / Upcycling