Eis Aktivitéiten

Legend

D’Aktivitéit ass gëeegent fir

Maximal Kannerunzuel

Minimum Stonnen

D’Aktivitéit ass gëeegent fir

Fréijor

Hierscht

Summer

Wanter

Kanner kënne knaschteg ginn

Sécherheetskleeder mussen ugedoe ginn

An eisem Schoulgaart den aus verschiddene Parzellen besteet, eisem Folientunnel oder Zär gëtt et zu all Joereszäit eppes ze dinn. Sief et Onkraut rappen, de Buedem ëmgruewen, ausséinen, jonk Planzen aplanzen, netzen, zeidegt Geméis ernten, …

Zil ass et de Kanner an Erwuessenen ze weisen wou d’Iessen hierkënnt, wéivill Aarbecht dra stécht a wéi gutt dat schmaacht.

Gaart

Hei um Matgesfeld begréissen iech dräi Minischwäin (Minky, Pinky an Dinky), sechs Hinger an en Hunn.

Mir ginn zesummen bei eis Déieren déi sech iwwer Iessen, Drénken, hierer Schnéckegkeeten an e proppere Stall a Wiss freeën. Dir hëlleft eis dës Aarbechten ze erleedegen.

Tëschenduerch kënnen Minky a Pinky gär geheemelt ginn, Dinky ass net sou frou mat Mënschen an hält sech zeréck.

Zesumme gi mir kucken ob eis Hinger Eeër geluecht hunn a sammelen déi an.

Mir hunn och e puer Beievölker hei an dir kënnt eppes iwwer d’Beien léieren oder vläit beim Hunnegschleideren hëllefen.

bei de Beien

Déieren

Naturpädagogik bréngt de Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen d’Natur méi no. Dëst erreeche mir duerch aktiv Spiller an andeems mir all eis Sënner gebrauchen an eis op d’Natur aloossen a konzentréieren.

Naturpädagogik

Bastelen

Eis Bastelatelieren kënne mir ganz liicht dem Cycle upassen. Jee no Saison kënne mir verschidde Bastlereien zauberen, sief et Déieren oder Männercher aus Hee bannen, Biller aus Blieder vun de Planzen entstoe loossen, e Béngel z.B. an e Monster oder Männchen verwandelen, …

Falls Dir eege Wënsch hutt, kënnt Dir eis am Virfeld gäre kontaktéieren a mir kucken zesummen ob mir Är Iddi um Matgesfeld kënne verwierklechen.

A verschiddenen Kichenaktivitéiten gëtt Iessen selwer gemaach oder Iesswueren zu Leckerem weider verschafft.

Hausgemaach

Naturhandwierk an Upcycling

Naturhandwierk an Upcycling kënne mir ganz liicht dem Cycle upassen.

Am Naturhandwierk kënne mir Holzschnëtzen, eege Planzefaarwen hierstellen, …

Am Upcycling schenke mir verschiddene Materialen e neit Liewen. Sou kréien Konservebécksen a -glieser e neie Mantel un, den mir der Joreszäit no kënne dekoréieren, mir stellen aus geschredderten Pabeierschnëpselen nei Blieder hier, …

Falls Dir eege Wënsch hutt, kënnt Dir eis am Virfeld gäre kontaktéieren a mir kucken zesummen ob mir Är Iddi um Matgesfeld kënne verwierklechen.