Mir kachen eng Geméiszopp um Feier
Ziel vun dësem Atelier ass et, de Leit (Kanner oder Erwuessener) ze weisen, wéi einfach ee mat e puer Zorte Geméis aus dem Gaart eng lecker a gesond Geméiszopp kann zauberen.
An dësem Atelier léiere mir wat am Gaart wiisst, wat een iesse kann a wat ee wéini eraushuele kann.
Ganz niewebäi léieren d’Kanner och den Ëmgang mat engem Knäip a mam Feier.
 
                         
            
              
            
            
          
               
            
              
            
            
          
               
            
              
            
            
          
              