D’A.S.B.L Ëmweltberodung Lëtzebuerg an d’Gemeng Suessem si stolz de Projet Gutt Geschier am Matgesfeld zu Suessem unzekënnegen. Hei gëtt eng Bibliothéik vu Gaardegeschier a verschiddent klengt Handwierksgeschier ugebueden, déi een sech fir kuerz Zäit ausléine kann.

Nieft dem Atelier am Facilitec zu Esch, wou een sech virun allem op Holzarbecht konzentréiert huet, wäert een zu Suessem sech op Gaardegeschier spezialiséieren. Natierlech kritt een awer hei och di klassesch Buermaschinn ze léinen.

Léinen, amplaz ze kafen, dat ass de Motto vum Projet. An der Zirkulärer Wirtschaft ass eng sougenannten “Sharing Economy” e wichtege Bestanddeel, fir als Gesellschaft erëm ze léieren, dass een net alles kafe muss. Sou reduzéiert ee lues awer sécher den Ëmweltimpakt, den duerch de Verkaf vun dëse Maschinnen entsteet an natierlech spuert een och e bëssi Geld.

Zousätzlech zum Verléine vum Material, kritt dir och nach erkläert wéi een esou eng Maschinn optimal notzt. Schliisslech si mer jo am Ëmwelt- a Bildungszenter.

Wëllt dir méi heizou wëssen, da kuckt Iech mol de Site vu Gutt Geschier un.

Suivant
Suivant

GreenEvents