2024: D’Joer vun der Mobilitéit

Jiddfereen muss irgendwou hin. Well mir als Gesellschaft esou geschäfteg sinn, ass et wichteg, dass mir secher an pünktlech vun A op B kommen. Dofir ass den Auto säit geraumer Zäit ëmmer als dat bäscht Mëttel zur Fortbewegung geprise ginn.

Hautesdags gëtt awer vill Aarbecht a Suen an di aaner sougenannten Modi gestach, fir dëss besser, méi secher a méi gemittlech ze maachen. Dofir setze mir am Emweltjoer 2024 8 Aktivitéiten ronderëm d’Mobilitéit op, fir de Velo, de Bus an di eege Féiss e bessi méi attraktiv ze maachen.

Hei ass de Programm vun all de Projet’en déi bis Enn 2024 am Kader vum Emweltjoer wäerte stattfannen.