Gaardekalenner – Januar & Februar

 

Och wann d’Wanterméint éischter een tristen an net sou gréngen Androck ginn, ass trotzdeem nach Zäit fir Folgendes ze recoltéieren, wann et net gefruer ass :  Mauséiercherszalot, Muerten, Pastinaken, Wantercresson, Wanterzaloten wéi Frisée Escarole, Portulak a souguer nach Rucola aus der Zär, frësch Kraider, Cresson a Keimsprossen (am Haus gezunn)

 

Am Gaart kann een och an de méi kale Méint schaffe fir zum Beispill d’Beeter vun Onkrautreschter ze befreien, schwéiere Lehmbuedem mat Sand ze versetze fir eng besser Buedemstruktur ze kréien, Mëscht oder Kompost oder och nach Blieder op de Beeter ze verdeelen.

Och d’Aarbechtsmaterial kann am Wanter propper gemaach ginn an hëlze Stiller a metallent Material kenne geuelegt ginn, dat geet och gutt mat ranzegem Ueleg aus der Kiche fir deen net musse wech ze geheien. Och Deppe fir dran ze séinen an ze planze sollt een auswäsche fir sou vill wéi méiglech Keime vum Virjoer lass ze ginn.

An fir sech gutt op déi nächst Saison virzebereeden ass déi kal Joreszäit genau richteg fir ee Beetplang ze erstelle wou een sech da genau iwwerleet wou een déi nei Saison wat hin well planze fir beispillsweis gutt Noperschaften ze fërderen andeems ee Muerten nieft d’Setzzwiwwele séint an d’Zwiwwelen awer net erëm op déi selwecht Platz setzt wou der d’Saison virdru scho stoungen. An wann een da schon um Plangen ass, kann een an engems nokucke wat fir een neit Geseems ee ka besuergen.

Wärend d’Natur am Wanterschlof ass, kann een sech och drëms këmmeren d’Nistkäste fir d’Villercher ze botzen an och neier opzehänken.

 An fir déi déi et schonn am Januar an de Fangere kribbelt fir eppes ze séinen: Am Januar kenne scho Paprika, Auberginnen, Poretten an Zellerie ausgeséit ginn. Heibäi muss just opgepasst ginn, dass soubal de Som keimt genuch Luucht zur Verfügung steet andeems ee beispillsweis d’Deppercher bei d’Fënster stellt an een ale Spigel hannendrun, fir dass vun allen Säite Luucht dru kennt. Ee Stéck Kartong mat Alufolie iwwerspaant geet och, déi blénkeg Säit muss dann natierlech no bausse gedréint sinn. Ween et nach besser well maache besuergt sech eng sougenannten Assimilatiounsluucht an hänkt déi iwwert d’Keimlingen. Bei all dësen Aussaaten gëllt: wat d’Temperatur méi héich ass (15 bis 20 °C), wat d’Keimung méi schnell geschitt an domat de Risk vum Verfaule vum Geseems oder de Jongplanze méi kleng ass.

Enn Februar kann een dann och schonn déi éischt Gromperen dobanne virkeimen fir eng ganz fréi Recolte ze hunn.

 

Précédent
Précédent

Gaardekalenner – Mäerz & Abrëll