Gaardekalenner – Mäerz & Abrëll

 

Lenzrous a voller Bléi

Am Mäerz ass scho vill lass am Gaart: déi éischt Fréijoersbléie weise sech an deene schéinste Faarwen an zéien déi éischt Beien a wëll Bestëbser un. Fir dës ze ënnerstëtzen, kann een elo nach sougenannte Lenzrouse fir de Lenzmount Mäerz kafen an an de Gaart setzen. Och aner Fréijoersbléier kritt een haut agedëppt ze kafen, falls een am Hierscht verpasst huet d’Knollen an d’Zwiwwelen an de Buedem ze setzen. Och dës gi gäre vun Insekte besicht.

Wien an de Wanterméint scho Summergeméis, wéi Paprika, Auberginnen, Tomaten oder och Zellerie virgezunn huet, kann dës elo pikéieren an a méi närstoffräich Äerd andëppen. Se mussen awer weiderhi waarm gehale ginn, bei iwwer 10 Grad, soss wuesse se net weider.

Am Mäerz ka follgendes dobannen ausgeséint a virgezu ginn: Porretten, Zalot, Rucola, Waassermelounen, Rout Rommelen, Kolrabi a Fréijoerszwiwwelen. Dobausse ka follgendes scho versicht ginn auszeséinen: Réidercher, Spinat, Rucola a Saubounen/ Déck Bounen/ Gaardebounen a souguer Schallotte kënnen elo scho gesat ginn. Setzgrompere kënnen dëse Mount schonn op enger heller awer net ze waarmer Plaz ugedriwwe ginn, fir am Abrëll gesat ze ginn.

Pikéiert Zaloten

Am Abrëll kann dëst dobannen ausgeséint ginn: Basilikum, Zaloten, Tomaten, Kürbis, Kornischong/Concomberen, Zucchini, Zockermais, Péiterséileg a Kolrabi. Dobausse kann een et mat follgendem probéieren: Ierbessen, Réidercher, Muerten, Rout Rommelen, Rucola, Stackbounen, Kapuzinercresson, Gromperen, Knuewelek, Schallotten, Fréijoerszwiwwelen, Stangenbounen, Spinat a Blumme wéi Tagetes, Réngelblummen, Speisechrysanthemen, Malven, Sonneblummen, Blummemëschungen a vill anerer.

Wann een dobannen ausséint, hëlt een am beschten extra Substrat fir auszeséinen, dëst ass steril an heiranner kéngen d’Somkäre besser. Et gëtt ganz vill gutt biologesch Aussaterden, déi meescht sinn och torffräi, woumat een der Natur rëm eppes Guddes deet. Ausséine kann een an all méiglech Gefässer, egal ob nei, al oder recycelt, de Planzen ass et usech egal wouranner se ugezu ginn.

Am Mäerz kann een nach déi lescht Recolte vun der Mauséiercherszalot maachen, geneesou wéi dee leschten Asiasalat an dee leschte Wantercresson. Wann ee Cresson ausséint, kann een dësen och schonn am Mäerz plécken an och Rucola, deen an enger Kautsch iwwerwantert oder ausgeséint gouf, ass bei guddem Wieder am Mäerz scho räif fir gepléckt ze ginn. Am Abrëll komme bei dës Recolte schonn déi éischt Réidercher dobäi.

Am Gaart selwer falen an dëse Méint puer méi grouss Aarbechten un, wéi beispillsweis d’Virbereede vun de Beeter, andeems een iwwerflëssegt Onkraut ofkappt oder mat der Wuerzel eraushëlt, Permakulturbeeter, déi mat Mulch ofgedeckt goufen, kënnen elo opgedeckt ginn, fir datt de Buedem méi séier waarm gëtt. Wann een extrem tounräiche Buedem huet, verbessert een dësen am beschte mat Flosssand, fir d’Struktur vum Buedem an eng leemeg Richtung ze bréngen, wat fir déi meeschte Planzen am allerbeschten ass. Wann een nei Planze setzt, well och elo kann een nach alles wat am Dëppe verkaaft gëtt setzen, awer dëst gëllt och fir selwer geplanzte Saachen, dës musse reegelméisseg genätzt ginn.

Wann een am Mäerz seng Hecke geschnidden huet, kann ee verschidde Bengelen och hale fir d’Reien ze markéieren, wou een eppes geséint huet. Mat méi laangen Äscht kann ee sech och eng Rankhëllef fir d’Ierbesse bastelen.

.


 

Précédent
Précédent

Gaardekalenner – Mee & Juni

Suivant
Suivant

Gaardekalenner – Januar & Februar