Gaardekalenner – November/Dezember

 

Am spéideren Hierscht kann een dëst Joer wuel bedéngt doduerch, dass et net ze vill gefruer hat, ëmmer nach Muerte frësch aus dem Gaart huelen an anert Wuerzelgeméis wéi Pastinaken oder Schwarzwuerzelen. Och Zalote kéinten nach gutt sinn, sief et Batavia, Feuille de chêne, Escarole, déi éischt Mauséiechzalot oder och nach Rucola souwéi sougenannten Asiazaloten.

Wann een seng Grompere sollt am Buedem vergiess hunn, kann een des och nach ëmmer asammelen; wann een des lagere well, muss een se nom villen Reen awer och ganz gutt ausgebreet dréchne loossen ier een se an eng Këscht oder Gromperesäck fëllt.

Déi lescht Zelleriskäpp missten elo och aus dem Gaart geholl ginn, genau sou wéi och de Stangenzellerie oder och nach déi lescht Rout Rommelen déi ee wonnerbar an enger Këscht mat fiichtem Sand ageschloen de ganze Wanter ka genéissen. Dësen Trick funktionéiert och mat de Muerte ganz gutt, des kennen sech bei richteger Lagerung bis nächste Summer am Keller am Sand ageschloen halen. Wann ee säi Geméis a Sand oder och sandegem Buedem aschléit, wat een theoretesch och am Gaardebuedem kéint maachen, muss ee ganz gutt drop oppasse keng Faulstellen um Geméis ze hunn, well dëst kann dozou féieren dass ganz schnell alles wat gelagert sollt ginn, mat fault.

Nom éischten oder zweete Frascht kann ee schonn déi éischt Schléiwe plécken a Gebeess draus maachen, se fir een Téi drëschnen oder zu Likör verschaffen. De Spackelter ka scho virum Frascht gepléckt a verschafft ginn.

D’Beeter déi oofgepléckt ginn si kann ee virum Wanter an dem Schnéi eemol ofkappen,alles leie loossen an dann och nach zousätzlech mat enger schéiner Schicht aus Hierschtlaf bedecken, dëst fërdert d’Buedemliewen a féiert dozou, dass d’Wierm an déi aner wichteg Mikroorganisme méi laang an den ieweschten 20 cm Buedem schaffen an domat fir nährstoffräichen Humus suergen, dee mir brauche fir dass et eise Planzen an den nächste Jore weiderhi gutt geet. Wann ee kee Laf bei Hand sollt hunn, kann een och mat Stréi, Hee, Grasschnëtt, Holzhäcksel oder all anerem organeschem Material mulchen, sou nennt een all Form vum Ofdecke vum Buedem.

Oofdecken vum Buedem mat Mulchmateriealien, an desem Fall fir eng gudd Humusschicht am neien Schoulgaart opgeschicht: Héngermëscht, Sand an dann 20 cm Blieder fir de Wanter

Ween Wanterkulture wéi Winterpostelien, Wantercresson, Wanterzaloten am Gaart huet kann des bei ganz déiwen Temperaturen ofdecke mat engem Schutzvlies, dëst léist d’Luucht duerch sou dass d’Planzen op waarmen Deeg wieder wuesse kennen.D’Mauséieschzalot brauch absolut kee Wanterschutz an ass nom Entdeeë wann et gefruer war, rëm normal ze plécken.

Ween nach eppes planze well, kann elo nach Knuewelek stiechen, wann sech Buedem fraschtan den nächsten Deeg nom Stieche sollt ukënnege kann een d’Zéiwe souguer 1cm méi déif an de Buedem stiechen an net den ieweschte Wutz raus kucke loossen,wéi gewéinlech, well de Frascht d’Zéif aus dem Buedem drécke kann, wann se nach keng Wuerzele sollt gezunn hunn.

De  Knuewléck gëtt a Reien gesat mat 5 cm Oofstand tëscht den eenzelnen Zéiwen an 20cm tëscht de Reien. De Knuewléck gett sou an de Buedem gestach, dass déi iewegt Spëtzt nach liicht raus kuckt.

Weider Knollen an Zwiwwelen déi een nach setze ka soulaang de Buedem net gefruer ass oder richteg plätschnaass, sinn d’Fréijorsbléier. Hei kann ee bis Dezember usech nach alles planze wouropper ee Loscht huet, d’Bléi kennt da just d’nächst Joer méi spéit. Tulpen, Narzissen, Winterlingen,Schnéikläckelcher, Zierlauch, Kaiserkrounen, Irissen (just déi an Zwiwwelform), Anemonen, jee alles wat et sou Schéines gëtt wat am Fréijoer blitt, kann elonach gesat ginn.

A wa mir scho vum Planze schwätzen: och nei Beem, nei Hecken, nei Stauden, nei Straicher, all dëst kann een de ganze Wanter duerch planzen, soulaang wéi de Buedem natierlech net gefruer ass. Wärend dem Wanter kann ee sougenannten„wurzelnackt“ Planze kafen. Dëst si Planzen déi net agedëppt verkaf ginn an domat hier Wuerzele fräi leien hunn. Sie komme frësch aus dem Buedem a kënnen esou a Killageren gehale gi bis se geplanzt ginn a wie méi Wuer brauch kennt heimat definitiv méi präiswäert dovun.

An fir all déi déi scho villes am Gaart hu wat schéi wiisst, awer vläicht ze grouss oder ausser der Form geroden ass, ass elo de perfekten Zäitpunkt firm am Réckschnëtt unzefänken, egal ob Hecken oder Beem, alles kann elo verbotzt ginn.

Wann een nach eng Platz fënnt wou ee genuch Brennnessele ka plécken, kann een dëst nach ausnotze fir elo schonn eng nei Brennnesseljauche unzesetzen, dann huet een een natierleche Flessegdünger fir am Februar/Mäerz déi éischt Düngung vum Knuewelek ze maachen. Dëst setzt een am Verhältnis 1 zu 10 un, also 1kg Brennnesselen an 10 Liter Waasser an een Eemer oder anert gréissert Gefäss ginn an d’Brennnessele mat engem Stee beschwéieren, da schwammen se net uewenop a schëmmelen, mee kennen all d’Närstoffer an d’Waasser ofginn.

An wien mat der grousser Botz an der Gaardenaarbecht virum Wanter fäerdeg ass, kann säi Gaardegeschier virum Araume gutt ofbotzen an nei schäerfe bzw./a mat enger Uelegschicht versuergen, fir dass och näischt iwwert de Wanter rascht a fir d’nächst Saison prett steet.

Déi ganz Ongedëlleg kenne scho virun Enn Dezember an de Kataloge stöberen fir neit Geseems ze bestellen oder eben nei Planzen ze bestellen. Wann een dann neie Geméissom bestellt kann een och säin Ubauplang schonn ufänken ze gestalten.

 
Suivant
Suivant

Gaardekalenner – September/Oktober