Gaardekalenner – September/Oktober

 

De Mount September ass nach een Heemount wou een nach ganz villes plécke kann : Tomaten, Chilli, Paprika, Auberginnen, Bounen, Zaloten, Muerten, Gromperen, Rout Rommelen, Zucchini, Kabes, Cornichon, Kürbis, Stangenzellerie, Mangold, Kraider an alles wat grad räif ass wéi Äppel, Bieren, remontéierend Äerdbieren an Hierschthambieren.

All dat Geméis wat sech gutt lagere léist wéi Rout Rommelen a Muerte kann een aschloen an eng Holzkëscht mat fiichtem (net naassem!) Sand bzw. engem Sand-Buedem-Gemësch, also ënnen 2cm Sand, dann eng Lo mat Geméis ugeluecht, sou dass et sech net beréiert an da rëm mat Sand bis 2cm iwwert dëser Lo opfëllen a rëm widderhuelen. Déi läscht Schicht sollt aus Sand bestoen a kann och gäre méi déck sinn. Fir des Lagertechnik dierf just gesond Geméis benotzt ginn, soss breet sech Fäulnis aus an d’Gréngs vun de Planze gëtt ofgedréint. Mam Muertengréngs kann een sech mat frëschen décken Nëss ee leckere Pesto zauberen deen een och soit afréieren oder am Glas mat Ueleg iwwerdeckt lagere kann. D’Gréngs vun de roude Rommele kann een an enger gemëschter Zalot oder an Zoppe verschaffen.

Grompere ginn nom raus huele kuerz um Beet dréchne gelooss an herno an engem däischteren awer lëftege Raum wieder dréchne gelooss a just graff vum unhaftende Buedem befreit. Wann se dréche si kennen des einfach an enger lëfteger Këscht am däischteren an net ze waarme Keller gelagert ginn.

Wanterzaloten prett fir ze repikéieren

Chilli kann een un der Loft dréchnen andeems een se op ee Fuedem opfädelt a lëfteg an net sonneg ophänkt.

Kraider kënne wéi Chilli behandelt ginn oder wien een Dörrautomat huet einfach d’Blieder gezupft ginn an heiranner schounend gedréchent ginn.

Eppes wat oft ënnerschat gëtt ass d’Lagerfäegkeet vun Zucchinien: dës kënnen, wann se un der Planz ganz ausgeräift sinn, also d’Schuel schéi fest an de Stronk scho liicht holzeg ginn ass, iwwert e puer Méint bis an de Wanter era gelagert ginn. Am beschte ginn se eenzel an eng Lo Zeitungspabeier agewéckelt an dann och an engem däischtere mee lëftegen a kille Raum gelagert.  Kürbisse kennen änlech, just ouni Zeitungsaschlag gelagert ginn, halen sech awer oft net sou laang.

Äppel a Bieren déi ee lagere wëll sollten an engem ganz anere Raum gelagert gi wéi dat bis heihi beschwate Lagergeméis, well des ee planzlecht Hormon an d’Loft ofginn, wat dozou féiert, dass alles méi schnell räift. Dëst kann een sech bei de leschten Tomaten déi net méi richteg rout wëlle ginn zunotze maachen andeems een se zesummen an eng Schossel leet, da ginn d’Tomaten zwar méi séier rout, mee un Goût gewannen se näischt méi, de Goût muss scho vun der Planz aus dra sinn an dëst ass just de Fall wann d’Tomaten un der Planz zumindest ufänke rout ze ginn.

Souvill zum Plécken an alageren, woubäi dëst net all d’Forme vum Verschaffe sinn.

Déi läscht Tomaten kennen nach gepléckt ginn

Am Hierscht kann och nach vill geséint bzw. geplanzt ginn:

Wanterzalote wéi Wanter-Romanazalot, Wanter-Laitue, Wanter-Batavia, Winterpostelein a Mauséieschzalot kënnen elo ausgeséint ginn, repikéiert an dann iwwert de Wanter wuesse gelooss ginn. Ween fir den Hierscht nach Zalote wëll hunn kann Ufank September nach normal Zalote méi enk a Reie séine fir des dann als sougenannte Babyleaf Zaloten ze plécken, wann een der heivunner e puer repikéiert a mir ee mëllen Hierscht a Wanterufank kréien, kann ee souguer nach ganz Zalotenkäpp bis Chrëschtdag plécken. Ansonsnten kann een nach Zaloteplanze kafen an direkt setzen; heivir eegenen sech d’Frisée, d’Escarole oder och Lollo, Batavia a Laitue nach. Fir den Hierscht nach als frësch Zalot oder fir ze dënsten an der Pan kann een elo nach Asia-Zalot ausséinen. Och Rucola kënnt nach séier a kann elo nach geséint ginn. Och Zuckerhut kann elo nach geséint, repikéiert a geplanzt ginn.

Un frëschem Gréngs wäert et am Hierscht a Wanter net feele wann een elo nach Spinat, Wanterspinat, Wantercresson (sougenannte Barbarakraut) a Réidercher ausséint a wien eng Kautsch huet kann sech elo nach eemol Péiterséileg séinen oder och Planze kafen an de ganze Wanter heivunner profitéieren.

Virgezunnenen Rucola, prett fir an d'Beet

Ween näischt méi an seng Beeter well séinen oder planze sollt dës no der leschter Recolte awer trotzdeem net brooch leie loossen, dat heescht konkret et kann ee Gréngdüngerplanzen drop séine wéi Phacelia, Wanterwicken, Giele Moschter, Lupinen, Réngelblummen, Cresson, Spinat oder Mauséieschzalot (déi een och nach plécke kéint), oder d’Beeter ofdecke mat Stréi, Hee, all méiglechem Mulch oder Laf wat am Hierscht vun de Beem fält. Beim Laf sollt een allerdéngs vermeiden ze vill Eeeschen- oder Walnossblieder ze huelen, well dës net nëmmen de Buedem versaueren an een da rëm massiv opkalleke misst, mee och nach Stoffer an de Buedem ofginn, déi d’Keimung hemme kënnen. Och Grasschnëtt deen elo sécher nach ufält, ka genotzt gi fir d’Beeter ze mulchen.

Ween eng Platz fir ee Kompost huet kann dësen am Hierscht gutt fiddere mat enger Mëschung aus gréngen Offäll aus der Kiche bzw. dem Gaart an dem Hierschtlaaf vun de Beem. Ween dësen nom Wanter scho wëll benotzen, muss all 3 bis maximal 7 Deeg de Kompostkoup dréine wärend engem Mount an en duerno iwwert de Wanter roue loossen. Wann dësen ze dréchen ass muss en genätzt ginn, wat meeschtens de Fall ass.

Ab Oktober kann een dann och ufänken all méiglech Planzen, vu Stauden iwwert Straicher bis Beem planzen. Dës mussen am Ufank gutt ugenetzt ginn an och fiicht gehale gi wann et sollt ze dréche si bis d’Wanternetzt dann hoffentlech kënnt.

 
Précédent
Précédent

Gaardekalenner – November/Dezember

Suivant
Suivant

Gaardekalenner – Juli/August