Newsletter 01/23 – Januar/Februar

 
 

Abonnéiert Iech!

Falls dir nach nët abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt dir Bescheed gesoot, esoubaal déi nächst Editioun publizéiert gëtt


New Year, New Me.

Dëst wier dann di éischt Newsletter aus dem Matgesfeld. Mam Zil, Nohalteg Themen an de Programm am Matgesfeld e bëssi méi no ze bréngen, wäert dës Newsletter all zwee Méint erauskommen, an Iech e bëssi weisen, wat am Matgesfeld esou leeft.


De Programm am Matgesfeld vu Januar bis Februar

 
 

Circular Cities Declaration

An der Gemengerotssitzung vum 28. November 2022 gouf d’Circular Cities Deklaratioun ënnerschriwwen. Heimat bekennt sech d’Gemeng Suessem zur Kreeslafwirtschaft, a wäert och zukünfteg bei hire Projeten esouwäit et geet no dëse Krittäre schaffen.

Hei kënnt dir Iech di ënnerschriwwen Deklaratioun ukucken.

Um Site vun der ICLEI huet d’Gemeng Suessem sech dann och ënnert di sëllegen aner Stied aus Europa agereit, déi dës Deklaratioun ënnerschriwwen hunn.

Méi Informatiounen ënner circularcitiesdeclaration.eu


Fairtrade!

Vältesdag kënnt ëmmer méi no an traditionell sti Schockela, Bijouen a Rouse ganz virbäi als Kaddo. Leider sinn dës Importer ganz oft ënner miserabelen Zoustänn produzéiert ginn.

Hei iwwerhëlt de faire Handel d’Aufgab bei dëse Produkter nees méi op de Mënsch opzepassen. Sou ginn duerch faire gehandelt Produkter d’Produzente gerecht entschiedegt, a mam Surplus, ginn Infrastrukturen a Gemeinschaftsgebaier finanzéiert.

Hei op dësem Flyer kënnt dir méi zum fairen Handel liesen!

 
 

Tipps zum Gaart mam Leroy – Januar/Februar

Et ass Wanter an de Gaart schléift – kéint een esou mengen. Awer och zu dëser kaler Joreszäit kann een di eng oder aner Saach am Gaart oder a Virbereedung op di nei Saison maachen.

Hei fannt dir de ganzen Artikel.


Share & Repair – Den Atelier am Matgesfeld

Et ass esouwäit! Den Atelier ass funktionell!

Hei fannt dir all déi néideg Infoen zum Fonctionnement.

En nächsten Termin fir de Repaircafé ass och geplangt!


 
Précédent
Précédent

Newsletter 02/23 – Mäerz/Abrëll