Newsletter 02/23 – Mäerz/Abrëll
Abonéiert Iech!
Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt
Et ass, wéi wann de Wecker gaange wier. D’Sonn geet ëmmer méi fréi op, d’Natur streckt sech a gaapst an déi éischt Bëschbewunner quäle sech aus dem Wanterschlof.
D’Matgesfeld huet awer net geschlof. Mir hunn och an de kommende Méint erëm e flotte Programm an deen een oder anere wëssenswäerten Artikel fir Iech!
De Programm am Matgesfeld vu Mäerz bis Abrëll
 
        
        
      
           
        
        
      
           
        
        
      
           
        
        
      
    Earth Hour
De 25. Mäerz ass d’Earth Hour. Wärend enger Stonn ginn d’Luuchten um ganze Planéit ausgemaach. Dëst als Symbol vum Energiespueren a fir eng méi nohalteg Zukunft. Maacht mat a schalt de 25. Mäerz ab 20.30 Auer doheem eng Stonn d’Luuchten aus.
Botzaktioun 2023
De 25. Mäerz ass déi grouss Botzaktioun an der Gemeng Suessem.
Den Treffpunkt ass um 10 Auer op follgende Plazen:
- Bieles: Gemengenhaus 
- Éilereng: Kulturschapp 
- Suessem: Hall Polyvalent 
- Zolwer: Place de l’Indépendance 
No där gudder Aarbecht, gëtt et um 12.00 Auer am Matgesfeld och eng lecker Bio-Geméiszopp.
Gaardekalenner – Mäerz/Abrëll
An der zweeter Editioun vum Gaardekalenner, ginn d’Méint Mäerz an Abrëll (oder op al Lëtzebuergesch, de Lenz- an den Ouschtermount) ënnert d’Lupp geholl.
D’Bëschléierchen
2020 gouf um Tippewee zu Éilereng e Liewensraum fir d’Bëschléierchen ugeluecht.
Elo huet d’ANF eng kleng Dokumentatioun zu dësem besonnesche klenge Villchen erausbruecht.
 
                         
             
            