Une famille. Une terre.

Sou heescht de Projet, deen EcoTransFaire an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Suessem a mat enger Cofinanzéirung vun der Oeuvre G.-D. Charlotte 2023 réaliséiert huet.

Hei war d’Zil, eng Série un Workshops zesummenzebauen, déi 4 Themeberäicher vun der Nohalteger Entwécklung erklären.

Behandelt goufen d’Sujet’en (Erneierbar) Energie, Drénkwaasser, Kreeslafwirtschaft an d’Biodiversitéit.

Am Pilotprojet deen 2023 gelaf ass, fir d’Atelier’en ze testen an ze verbesseren, goufen insgesamt 141 Leit sensibiliséiert. Hei waren et zum Deel Schoulklasse vun der Primärschoul Bieles Post, de Lycéeen Belval a Guillaume Kroll, 8 famillen déi sech ugemellt haten an insgesamt 27 bénéficiairen vum CIGL Suessem.

Am groussen Total, wieren dat 1.692 Sensibiliséirungsstonnen, déi 2023 un dësen dach variable Grupp vu Leit geleescht goufen.

Dëss Stonne waren awer alles wéi langweileg. D’Workshops sinn nämlech op eng spilleresch Art a Weis ausgeluecht. Sou kritt een d’Kreeslafwirtschaft mat der sougenanntener fresque de l’économie circulaire gewisen, engem Puzzle, wou d’Leit de Sujet selwer entdecken.

D’Workshops mat de Famille sinn dann all Kéiers mat engem Iessen op en Enn gaangen, wou jiddfereen eppes matbruecht huet.

An all den Zyklen, hunn d’Leit och e Carnet kritt, deen se missten ausfëllen. Heibäi gouf immens vill Wäert op d’Notéire vum Energie- a Waasserverbrauch.

No engem erfollegräiche Pilotjoër, gouf awer och de Feedback vun de Participant’en, der Emweltkomissioun an dem Emweltbüro an de Projet mat ageschafft, fir zukünfteg nach méi flott a flexibel ze ginn.

Précédent
Précédent

Eis Epicerie

Suivant
Suivant

Gutt Geschier