GreenEvents gëtt et zanter 2019 a gëtt vun der Superdreckskëscht an dem Oekozenter Pafendall zesumme géreiert.

Ufank 2023 huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem décidéiert, dat all Gemengen Event de “Green Events”-Label soll hunn, resp. dass zumindest probéiert gëtt esou no wéi méiglech all Bestëmmunge vum Label ze respektéieren. Dëse Label garantéiert dat bestëmmte Krittären am Beräich vun Ökologie a Solidaritéit erfëllt sinn.

Fir de Bierger an de Veräiner d‘Ufroe vun dësem nohaltege Label ze vereinfachen, huet den Ëmweltbüro eng sëllechen Informatiounen a Ressourcen an engem eegene Leitfaden zesumme gestalt.

Inhaltlech bitt de Leitfaden detailléiert Instruktioune fir d'Organisatioun vu Green Events. Et gi praktesch Schrëtt fir d'Ufroe vum Label an d'Ëmsetze vu verschiddenen nohaltege Moossnamen opgelëscht, wéi zb. d'Benotze vu wiederverwendbarem Cateringmaterial, d’Benotze vun ökologesche Botzmëttel, Seefen a Pabeier, den Asaz vu regional, saisonal a fairgehandelte Liewensmëttel, d'Promotioun vum ëffentlechen Transport, d'Reduzéiere vum Offall an d’Aspuere vun Energie. De Leitfaden encouragéiert och d'Zesummenaarbecht mat lokalen Akteuren.

Doriwwer eraus gi spezifesch Ressourcen an Ënnerstëtzunge fir d'Organisateuren ugebueden, inklusiv d'Verfügbarkeet vun digitalen Dossieren an d'Méiglechkeet, direkt Ënnerstëtzung vum Ëmweltbüro ze kréien. 

Wann dir Froen hudd, oder e bëssi hëllef braucht beim Organiséire vun Ärem GreenEvent, dann mellt Iech beim Emweltbüro vun der Gemeng Suessem

Précédent
Précédent

Gutt Geschier