Gaardekalenner – Mee & Juni

 

Am Mee kënne schonn déi éischt Zaloten, anert Blatgeméis wéi Stielmus, Spinat, Sauerampel oder Rucola aus dem eegene Gaart gepléckt ginn. Och verschidde Kraider wéi Bratzelen, Péiterséileg, Maggikraut, Rosmarin, Thymian, Zitrounemelisse a Peffermënz kennen elo scho gepléckt a verschafft ginn. D’Gréngs vum Knuewelek kann elo och scho verschafft ginn an och Fréijoerszwiwwelen oder Ierbessen kennen elo scho gutt sinn. Zwou Delikatessen déi een elo plécke ka sinn de Rubbarb an de Spargel. De Rubarb pléckt sech, wann d’Blat ganz entfaalt ass. Et dierf ee maximal 1/3 vun alle Stiller ewechhuelen, fir dass d’Planz och d’nächst Saison nach genuch Närstoffer behält. Dat selwecht gëllt fir de Spargel, beim Stieche muss ee virsichteg sinn, fir der Planz esou wéineg ewéi méiglech ze schueden.

 

Kabesjongplanzen an der Zär

 

Wie seng Setzzwiwwelen, Schallotten oder Setzgromperen nach net an de Buedem bruecht huet, kann dëst och nach ëmmer maachen. Séine kann een am Mee nach ganz vill: Zaloten, Muerten, Réidercher, Spinat, Ierbessen, Mais, Kürbis, Zucchini, Tomaten, Cornichon/Concombre, Stäckelchersbounen, Stangebounen, Basilikum, Péiterséileg, Dëll, Koriander, Brokkoli, roud Rommelen, Blummewiss an aner Blummen, Kolrabi, Chicon, Mangold, Pastinaken, Rettich, Gründüngerplanzen, Fenschel, avm.

Blummenknolle bzw. Zwiwwele wéi Dahlien a Gladiolen beispillsweis kennen elo nach geplanzt ginn.

 

Fréijoersblummen a voller Bléih

 

Wann ee scho Jongplanzen huet, muss ee besonnesch bei deene fraschtempfindleche Planzen ewéi Tomaten, Cornichon/Concombre, Kürbis, Meloun, Paprika, Tomatillo, Bounen, Zucchini op déi Äishelleg oppassen, wat meteorologesch gesi Fraschtnuechte vum 11. bis de 15. Mee mat sech brénge kann, woubäi dëst sech och nach liicht no vir oder hanne verréckele kann. Fir op Nummer sécher ze goe behält een am Mee d’Previsioune ganz genau am A an huet zur Nout ee Vlies prett leie fir iwwert déi empfindlech Kulturen ze leeën. Am beschte planzt een esou Planzen eréischt no Mëtt Mee eraus.

Enn Mee bzw. Ufank Juni sollt een am beschte gehäckselt Stréi ënnert seng Äerdbierbléien leeë fir dass déi eruwuesse Friichte propper a plus au moins dréche leien. Mëtt bis Enn Juni kéint een hei schonn déi éischt Friichte plécken a genéissen.

 

D’Wellblummewiss blitt schonn an der Zär

 

Rubbarb a Spargele sollte bis maximal Johannistag, de 24. Juni gepléckt ginn. Duerno brauchen des Planzen hier Rou fir Energie ze sammelen an d’nächst Joer rëm eng gutt Recolte ze bréngen. A wa mir scho beim Johannistag sinn, em déi Zäit kann ee scho mat deenen éischte Kréischelen (dt. Johannisbeere) rechnen.

Déi éischt déck Bounen, esouwéi ganz fréi geséinte Muerten an och frësch Knueweleksknolle kënnen am Juni scho recoltéiert ginn a wann ee geschützten Zucchiniplanzen huet, kéint een hei schonn eng Recolte erwaarden.

Och am Juni kennen nach vill Saache geplanzt ginn, ewéi Zaloten, Zucchini, Zockermais, Cornichonen, Kraider avm.

Bei allem wat des zwee Méint esou usteet kennt och eng wichteg Aarbecht dobäi: d’Krauden, d’Mulchen an d’Netzen. Ween grouss Recolte well hunn mëscht sech Brennesselspiff an engem Faass an netzt mat engem Deel Brennesselspiff op 10 Deeler Waasser eemol d’Woch seng Planzen.

Allgemeng spillt d’Düngung eng ganz wichteg Roll a gëtt eemol an engem separaten Artikel besonnesch ënnert d’Lupp geholl.

 
Précédent
Précédent

Gaardekalenner – Juli/August

Suivant
Suivant

Gaardekalenner – Mäerz & Abrëll