Gaardekalenner – Juli/August

 

Am Juli kann een nach villes uséinen, wéi z.B. Stäckelchersbounen, Muerten, Zaloten, Andéiwen, Kolrabi, Rout Rommelen, Mangold, Ierbessen, Zockermais, Hierscht Choufleur, Sonneblummen oder Blummewiss.

Op Plaze wou ee seng déck Bounen ofgepléckt huet kann een nees Zalote planzen oder souguer nach gekéngte Grompere setzen. Wéinst der verlängerter Vegetatiounszäit, bedéngt duerch de Klimawandel kënne sech verschidde Kulturen nach relativ spéit am Joer gutt entwéckelen.

Ufank Juli ass eng gutt Zäit fir grouss Recolten ze maachen: rout, schwaarz a wäiss Kréischele sinn elo räif a kënnen zu Taart, Gebeess, Sirop oder Likör verschafft ginn. Ab Mëtt Juli kann een a gudde Jore mat deenen éischten Tomaten aus dem Gaart rechnen, kuerz hei virdru sinn och schonn Zucchini a Concombre/Cornichonen do fir ze verschaffen. De Knuewelek deen d’Virjoer am Hierscht gestach gouf kann Ufanks Juli raus geholl a gedréchent ginn. Och Réidercher, Rout Rommelen, Fréijoerszwiwwelen, Kolrabi, Schallotten, Kapuzinerkresse, Muerten, Péiterséileg, Basilikum, Dëll, Mangold, Bounen a Porette kënne gepléckt ginn. Mir fannen déi lescht Äerdbieren awer un de Rubbarb an un d’Spargele gi mir dëst Joer näischt méi plécken an dat scho vum 24. Juni un!

Blutweiderich an voller Bléi, een richtegen Beien- an Bommelmagnéit vun Juli bis August

Aarbechte soss am Gaart kënne sinn: Summerheckeschnëtt, Summerschnëtt vun den Uebstbeem wann een se wëll am Wuess e bëssi bremsen, natierlech nätzen a kappen net vergiessen a wa bis gekappt ass, kann ee seng Beeter mat Mulchmaterial wéi frësch Holzhackschnëtzel, Gehäckseltes vum Réckschnëtt, Stréi, Hee, Grasschnëtt, wann een d’Wiss geméint huet, ofdecken.

Wa Lais un enger Planz sinn, ass dat guer net schlëmm, well d’Himmelsdéiercher fannen des innerhalb vun 2 Wochen an nach eemol 2 Woche méi spéit ass d’Plo schonn erëm eriwwer. Wann ze vill Honigtau, dat wat d’Lais aus scheede wann se de Planzejus drénken, op de Blieder ass, kënne se mat engem feste Waasserstral ofgesprëtzt ginn, esou dat kee Pilz sech entwéckele kann.

Blummen wéi Feierblummen oder Karblummen kennen elo nach wonnerbar ausgeséint ginn an fir eng spéit Bléi suergen

Den August ass ee weidere Mount wou e mat gréissere Recolte rechne kann. Nieft deem Geméis wat uewe schonn opgezielt gouf kann ee mat e bëssi Gléck déi éischt Waassermeloun plécken. Lues a lues kënnen d’Grompere eraus geholl ginn, Fenschel ass gutt, réi oder gebroden a wien sech fir de Wanter wëll Kraider frësch halen hëlt elo Péiterséileg fir anzefréieren an aner Kraider wéi Basilikum, Rosmarin, Thymian oder Lorberblieder fir ze dréchnen. Och déi éischt Kürbisse wéi z.B. Patisson oder Hokkaido si lo prett fir gepléckt ze ginn. Wee Séissgromperen huet kann och bei dësen eemol luussen ob sech nach näischt gebilt huet wat verschafft ka ginn. E gudde Geméisspiess vum Grill mat virgekachte Séissgromperen an Hokkaido mat enger séisssauerer Marinade aus Sojaszooss, Zitrounejus, Salz, Peffer a Sesamkären huet schonn sou muncher een zum staune bruecht.

Déi, déi genuch vun den Zucchinien hunn, verschaffen ab August einfach direkt d’Bléien.

Andéiweplanzen kënne am August an de Buedem gesat ginn, allerdéngs kéinten des beemen, also eng Bléi wuesse loossen, wann se am Ufank ze vill Hetzt ofkréien, dofir ëmmer op d’Meteo kucken.

Ab Mëtt August kënnen nei Äerdbierplanze gesat ginn a wien eng schéin (awer gëfteg) Bléi am Hierscht well genéissen, setzt sech Knolle vun der Herbstzeitlose an de Gaart.

Beinwell (consoude) kann een Piff maachen fir d'Planzen ze düngen oder en einfach Bléien lossen, d'Bestebser hunn deen och ganz gär

 
Précédent
Précédent

Gaardekalenner – September/Oktober

Suivant
Suivant

Gaardekalenner – Mee & Juni