Newsletter 03/23 – Mee/Juni

 

No engem verreentem an zum Deel och kalen Abrëll, kënnt d’Sonn esou lues awer sécher méi oft eraus. D’Beem an d’Hecken dinn hiert Summerkleed un an d’Villercher hunn hier
Gesangsprouwen och nees ugefaangen.


 
 
 

Climate Star!

D’Matgesfeld gouf 2023 mam Climate Star ausgezeechent.

De 27. Abrëll gouf dësen internationale Präis vum Klimabündnis an Éisträich iwwerreecht.

D’Gemeng Suessem huet mat 15 anere Projet’en aus siwe Länner (Lëtzebuerg, Däitschland, Éisträich, Ungarn, Tschechien, Italien a Schwäiz) um zéngte Jubiläum den zweete Climate Star kritt.

 

 

Conscious City Walk an Marché solidaire

De 17. Juni 2023 vun 10.00 bis 17.00 Auer.

Um 9.30 geet den Trëppeltour “Conscious City Walk” beim Matgesfeld lass. (Mellt Iech weg. un)

Op der Place de l’Indépendance an am ënneschten Deel vun der rue du Knapp zu Zolwer sinn dann eng Reih Stänn, ganz am Kader vum Nohaltegen.

Méi Informatiounen fannt dir ënner: https://www.matgesfeld.lu/marchesolidaire

 

 

Gaardekalenner – Mee/Juni

De Mee an de Juni sinn zwee Méint, wou een villes am Gaart planzen, séien an schaffe kann a soll. Waat alles usteet, fannt dir am Gaardekalenner Mee/Juni.

Liest hei méi dozou

 

 

Matgesfeld for Kids

Och dëst Joer fënnt den Emweltdiplom erëm statt.

Wann äert Kand interesséiert ass, eng flott Woch an der Natur ze verbréngen, mellt Iech un!

(Leider sinn d’Waardelëschten scho gefëllt. Mir kucken awer no Alternativen)

 

 

D’Batterie ass do!

An enger Serie vu Workshops gouf d’Batterie um Matgesfeld zesummegebaut. Zesummen hunn di 16 LiFePO4-Zellen eng ongeféier Kapazitéit vu 14 kWh.

Enn des Mounts ginn dann och d’Photovoltaïkmoduler op den Daach gesat, fir dass d’Matgesfeld am Summer (an zu groussen Deeler och am Fréijoer/Hierscht) quasi energieautark ass.

 

 

Abonéiert Iech

Falls Dir nach net abonéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.

Dëst braucht dir just eemol ze maachen.

 
Précédent
Précédent

Newsletter 04/23 – Juli/August

Suivant
Suivant

Newsletter 02/23 – Mäerz/Abrëll