Newsletter 04/23 – Juli/August

 

De Summer ass do. Domat och di villäicht heiansdo ze waarm Temperaturen. Am Matgesfeld steet mëttlerweil och villes an der Bléi a freet sech iwwer di reegelméisseg naass Erfrëschungen.


 
 
 

Schoulbesuch!

D’Schoulklass aus dem Kannercampus Belval, déi de Concours gewonnen hat, fir eise Schwäin en Numm ze ginn, hat de Wee an d’Matgesfeld fonnt.

Als Gewënner konnten si e ganzen Dag am Matgesfeld verbréngen, bei verschiddenen Aktivitéiten deelhuelen, an hunn e ganz exklusiven Abléck bei d’Déiere vum Matgesfeld kritt.

 

 

Bei oder Harespel?

Dat ass eng Fro di och momentan aktuell ass. Falls dir di 2 Notzdéieren net auserneen hale kënnt, fannt dir hei e Verglach.

Ausserdeem gi mir Iech e puer Tipps, wéi dir Iech verhale kënnt, a bei wiem dir Iech melle kënnt, wann dir en Nascht entdeckt hutt.

 

 

Gaardekalenner – Juli/August

Och ënner der Hëtzt vum Juli an August, muss een di eng oder aner Aarbecht am Gaart maachen - nieft dem reegelméissegen nätzen.

Liest hei méi dozou

 

 

Richteg killen am Summer

Esou lues gëtt et nees gudd waarm.
Leider sinn domat och d’Temperaturen am Haus heiansdo ze onangenehm héich.

Och hei ginn et eng Reih un Verhalensreegelen, déi een anhale kann, fir esouvill wéi méiglech op Klimaanlag & Co. kënnen ze verzichten.

Hei wier e ganzen Artikel dozou

 

 

GASPL

Den GASPL ass eng Associatioun aus der Lorraine, déi regional Produkter zesummesicht, an se an engem Katalog ubitt. Natierlech fannt dir och vill Lëtzebuerger Produkter vu klenge Manufakture bei hinnen.

Si hunn säit kuerzem och e Point de Retrait zu Bieles am Matgesfeld.

Sou funktionéiert dat: Dir maacht eng Bestellung iwwer den Online-Katalog op hirem Site https://gaspl.panierlocal.org/ an da kënnt dir et zum virgeschriwwenen Datum op d’Matgesfeld siche kommen.

 

 

Abonéiert Iech

Falls Dir nach net abonéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.

Dëst braucht dir just eemol ze maachen.

 
Précédent
Précédent

Newsletter 05/23 – September an Oktober

Suivant
Suivant

Newsletter 03/23 – Mee/Juni