Newsletter 01/24 – Januar/Februar
Dat Neit Joer huet eis scho mat e puer schéi verschneiten Deeg verwinnt. An trotzdem kann een daat bessert Wieder kaum erwaarden. Sonn, wou bleifs de?
Et deet sech eppes um Site!
Verschidde virwëtzeg Leit hu se schon entdeckt: D’Kategorie Aktivitéiten!
Nieft engem Kalenner wou dir op ee Bléck gesitt, wéini Plaze fräi sinn, si mir amgaang eisen Aktivitéitekatalog ze fëllen. Zu de wuel bekannten Visite bei d’Schwäin an d’Hinger, kommen elo e puer pädagogesch Atelieren dobäi, déi d’Schüler mat hirem Léierpersonal kënnen am Matgesfeld maachen.
Fir weider Informatioune kënnt dir Iech beim Emweltbüro mellen oder d’Aen ophalen: Mir preparéieren eng Presentatioun, déi sech un d’Léierpersonal an di Responsabel aus dem SEA riicht, fir alles ronderëm d’Matgesfeld ze erklären!
Och de Kabeskapp, d’Maskottchen vum Matgesfeld, wäert ee méi oft an de Publikatioune begéinen. Schéi vun esou engem kompetente Personnage encadréiert ze ginn.
Botzaktioun 2024
Och dëst Joër invitéiert d’Ëmweltkommissioun aus der Suessemer Gemeng op hier Botzaktioun.
Wéi gewinnt, starte 4 Équipe Samschdes, de 16. Mäerz 2024 um 10.00 Auer op folgende Punkten:
Bieles: Gemengenhaus
Éilereng: Kulturschapp
Suessem: Complexe sportif
Zolwer: Place de l’Indépendance
Um 12.00 Auer kritt da jiddereen, dee fläisseg matgehollef huet, eng Geméiszopp an e Patt um Matgesfeld offréiert.
2024: D’Joer vun der Mobilitéit
D’Ëmweltwoche gi renovéiert. Amplaz eemol d’Joer, während 1-2 Woche konzentréiert zu engem Sujet Aktivitéiten ze plangen, gëtt d’Konzept elo geännert an d’Aktivitéiten ëmmer iwwer 1 ganzt Joer geplangt.
Dofir, haalt Iech prett, mir hunn e puer nei Ateliere, Manifestatiounen, Themenowenter an aner Aktivitéiten ganz am Kader vun der nohalteger Mobilitéit geplangt.
Gutt Geschier
Heiansdo brauch een eng Maschinn oder Gaardegeschier fir eng eenzeg Aufgab. Do stellt sech d’Fro, keeft een dat elo oder léint een et aus? Den Nooper ass an d’Wakanz, an d’Famill wunnt ze wäit ewech fir et mol schnell auszeléinen.
Gutt, dass et Gutt Geschier gëtt. Heimat koppelt sech d’Gemeng Suessem un e Projet vum Facilitec zu Esch a bidd am Matgesfeld eng Reih u Gaardegeschier oder Maschinnen un, déi een sech gratis ausléine kann.
Gaardekalenner – Januar/Februar
Et ass Wanter an de Gaart schléift – kéint een esou mengen. Awer och zu dëser kaler Joreszäit kann een di eng oder aner Saach am Gaart oder a Virbereedung op di nei Saison maachen.
Repaircafé
Interesséiert heiansdo eppes ze flécken? De Repair-Café invitéiert op eng Infoversammlung fir de reegelméissegen Repair-Café vun de Kordallgemengen Déifferdéng, Kaerjéng, Suessem, Péiteng an Dippech.
Gesicht gi Leit déi sech mat Holz, Stoff, Elektronik oder Metall auskennen fir klengegkeeten ze reparéieren.
Kommt laanscht: 20.02.2021 um 18.30 am Aale Stadhaus zu Déifferdéng!
Abonnéiert Iech
Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.
Dëst braucht dir just eemol ze maachen.