Newsletter 06/23 – November/Dezember

 

De Wanter ass do an och déi éischt Schnéiflacken hunn nët op sech waarde gelooss. D’Keelt zitt lues awer sécher och erëm an d’Haus an d’Natur ass an hirer Rouphas ukomm


 
 
 

D’Temperature si mëttlerweil ëm den Nullpunkt ukomm. AN hei stellt sech dann och all Joers d’Fro, wéi kann ech d’Hëtzt aspueren, ouni vill Suen auszeginn?

Hei ass en Artikel, deen e puer Saachen opkläert!

 

 

Fairtrade!

Ronderëm d’Feierdeeg gi d’Leit ëmmer méi schneekeg. Dass et sech lount, beim Schockela opzepasse wat e keeft wësst dir vläicht schonn.

Wann dir op de Fairtrade-Label oppasst, da garantéiert dir, dass d’Produktiounsketten fir dee Produit kontrolléiert ass an all implizéiert Persoun fair bezuelt a behandelt gëtt.

 

Wëllt dir méi zu Fairtrade Lëtzebuerg gewuer ginn, fannt dir hei all d’Informatiounen: https://fairtrade.lu/fr/bienvenue.html

 

 

Réckbléck Ëmweltwochen 2023

Am Kader vun der erneierbarer Energie hunn e puer Workshops am Matgesfeld stattfonnt.

E puer Klassen hu begeeschtert eng kleng Täscheluucht gebastelt, déi mat der Sonn opgeluede gëtt. An 3 Klimapuzzles goufe realiséiert, wou d’Kanner geléiert hunn, wat et mam Klimawandel op sech huet.

Am Biergerforum Klimaschutz hate sech eng 20 Leit getraff fir iwwer di dräi Themen : Ressourceschutz, Energieaarmut an der Produktioun vun erneierbaren Energien ze beroden. Hei ass de Rapport an der Maach.


 

Matgesfest

Déi drëtt Editioun vum Matgesfest ass eriwwer. Zwee flott Deeg konnt een am Matgesfeld verbréngen an tëscht Schwäin a Sandkaul villes erliewen.

Ausserdem gouf de Projet Gutt Geschier ageweit an d’Kanner kruten hiren Emweltdiplom iwwerreecht.

Hei ass d’Fotogalerie um Site vun der Gemeng Suessem.

 

 

Gaardekalenner – November/Dezember

Och am Wanter ginn et Aarbechten déi am Gaart ufalen. Läscht Saachen eranhuelen, botzen a schneide falen dorënner. Awer och d’Preparatiounen fir di nächst Saison stinn un.

Liest hei méi dozou

 

 

Givebox

Fir d’Feierdeeg gëtt d’Givebox zu Zolwer op der Place de l’Indépendance geraumt a Plaz gemaach fir Feierdagsdekoratiounen. Kommt kucken, villäicht fannt dir eppes!

 

 

Dag vum Bam 2023

Dëst Joër gouf d’Matgesfeld als Uert fir d’Bamplanzaktioun 2023 ausgewielt. Hei goufe Freides de 24. November 210 Hecken a Beem mat der Klass 3.2 vum Här Pascal Raach aus der Schoul Bieles Post geplanzt.

De 25. November goufen dunn nach 30 Uebstbeem an 1 Lann symbolesch fir di 201 Neigebuerener aus der Gemeng Suessem am Matgesfeld verdeelt ugeplanzt.

Ënner de Klassiker Quetsch an Apel goufen och e puer Exoten geplanzt. Sou huet d’Matgesfeld elo ee Figebam souwéi Aprikosen a Pijen. Eng vun de seelene positiven Aspekter vum Klimawandel.

Hei fannt dir di ganz Fotogalerie um Site vun der Gemeng Suessem.

 

 

Abonnéiert Iech

Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.

Dëst braucht dir just eemol ze maachen.

 
Précédent
Précédent

Newsletter 01/24 – Januar/Februar

Suivant
Suivant

Newsletter 05/23 – September an Oktober