Newsletter 02/24 – März/Abrëll

 

De Wanter geet esou lues op en Enn, d’Auer gouf ëmgestallt an d’Ouschterblummen strecken sech no engem laange Wanterschlof an der Sonn. Och bei den Insekten geet d’Liewe rem un. Di éischt Bommelen brummen duerch d’Loft, an d’Insektenhotel’en stoussen un hier Kapazitéit.


 
 
 

Recap Botzaktioun 2024!

Ronn 150 Leit hate sech Samsdes den 16. März zesummefonnt fir de Knascht op de Stroossen an de Gréngflächen op de Leescht ze huelen. Fir déi gudd Aarbecht ze belounen, gouf et eng Zëppchen um Matgesfeld.

Wat geschafft gouf, kënnt dir nach bis Enn des Mounts op der Place de l’Indépendance zu Zolwer gesinn.

D’Natur an d’Gemeng Suessem soe jiddgerengem dee matwar e grousse MERCI!

 

 

Mobilitéitsjoer 2024: E puer Zuelen

D’Gemeng Suessem huet Stand 2024 124 Gefierer. Heivun sinn der 87 fir de Persounentransport geduecht. D’Gemeng huet décidéiert, fir de Persounentransport, zukünfteg just nach op d’E-Mobilitéit ze setzen. Dëst, well hei an der Reegel virun allem kleng Strecke gefuer ginn.

2024 huet den Undeel un E-Autoen bei knapp 25% geleeën.

Och um Gemengegebitt, ass d’Tendenz zum Elektroauto spierbar. Sou sinn sait 2017 235 Elektroautoen (PKW) nei registréiert ginn. Den nationalen Undeel un Elektroautoen läit bei 2.02%, zu Suessem leie mir ganz knapp drënner mat 1,97%. Tendenz: staark steigend.

De Velo huet zu Suessem och méi unhänger fonnt. Säit 2017 goufen 1325 Subsiden vun der Gemeng (Stand 31.12.2023) fir e Velo oder Pedelec25 accordéiert. (Hei feelen déi di duerch verschidde Grënn refuséiert goufen!)

Och d’Netz vun de Velosweeër gëtt lues awer steteg besser a méi secher.

 

 

Leitfaden GreenEvents

Esoulues kënnt Liewen an d’Stroossen. D’Veräiner plangen hier Manifestatiounen fir d’Joër.

Ma vergiesst nët, dass der e Subside kënnt kréien, wann dir Är Manifestatioun als GreenEvent umellt an duerchzitt.

Hei kënnt dir nach e puer Detailer liesen, a bei Froen, mellt Iech am Emweltbüro.

 

 

Gaardekalenner – März/Abrëll

Vum Wanterschlof, riicht eran an d’Panik. Ville Leit geet et ähnlech - déi éischt Sonnestrahlen kommen duerch an op eemol fënnt ee ganz vill Aarbecht am Guart. Wat dann elo alles ufällt, kënnt dir am Gaardekalenner liesen.

Hei fannt dir de ganzen Artikel.

 

 

Marché Solidaire

Och dëst Joër organiséiert den Emweltbüro erëm de Marché Solidaire zu Zolwer op der Place de l’Indépendance.

Hei tommele sech Stänn vu nohaltegen, lokalen a fairen Organisatiounen an Ateliers protégés.

Kommt laanscht, op engem hoffentlech schéine sonnegen Daag a kuckt, wat an der Regioun esou alles hiergestallt gëtt.

Ab wäerte mir dann de Marché solidaire och hei um Site weisen, an de Programm an d’Stänn ë bëssi virstellen.

Marché solidaire: 15.06.2024 op der Place de l’Indépendance (Aale Basketsterrain)

 

 

Abonnéiert Iech

Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.

Dëst braucht dir just eemol ze maachen.

 
Précédent
Précédent

Newsletter 03/24 – Mee/Juni

Suivant
Suivant

Newsletter 01/24 – Januar/Februar