Newsletter 05/23 – September an Oktober
Esou lues geet de Summer op en Enn a mécht dem Hierscht Plaz. Fir d’Fans vu giel, orange a rout geet elo och d’Zäit vun de schéinen Hierschtlandschaften un.
Ëmweltdiplom
24 Kanner hunn am Juli beim Ëmweltdiplom matgemaach. Wärend enger Woch hunn si am Matgesfeld villes ronderëm d’Natur an d’Ëmwelt geléiert – natierlech mat vill Spaass.
Ëmweltwochen a Matgesfest 2023
D’Ëmweltwochen 2023 sti virun der Dier. Dëst Joer dréit sech alles ëm erneierbar Energien, an d’Matgesfeld bitt eng Rei Workshops an Ateliere fir Grouss a Kleng un.
Hei ass de ganze Programm vum 17.10-27.10.
D’Matgesfest gëtt Iech dëst Joer Rendez-vous de 14. an de 15. Oktober. Zesumme mat verschiddene Veräiner a Stänn bidde mir Iech zwee Deeg voller gudder Laun, guddem Iessen a gudder Musek.
Gaardekalenner – September/Oktober
Ufanks Hierscht gëtt et nach ëmmer vill am Gaart ze maachen. Nieft dem Ernte ginn och d’Virbereedunge fir dat nächst Joer un.
Tour du Duerf
Den 10. September geet den Tour du Duerf an déi 10. Editioun. Loscht matzemaachen? Hei kann een d’Informatioune kréien a sech umellen: https://www.stadtradeln.de/tdd-de/anmelden
Subsiden
D’Gemeng Suessem gëtt neierdéngs Subsiden am Kader vun der erneierbarer Energie:
Fir Photovoltaik am Eegeverbrauch
Fir Wärmepompelen
Fir en Uschloss un e Wärmenetz
Um Site vun der Gemeng fannt dir de Formulaire fir se unzefroen.
Abonnéiert Iech
Falls Dir nach net abonnéiert sidd, maacht et hei. Da kritt Dir Bescheed gesot, esoubal déi nächst Editioun publizéiert gëtt.
Dëst braucht dir just eemol ze maachen.